Eröffnung virgesinn am Abrëll 2026

Wëllkomm an der „Villa Kunterbunt“

Eng Plaz fier z’entdecken, sich wuehl ze fillen an d’Natur kennen ze leieren, eng Plaz wou en Kand nach Kand daërf sinn
Op am Abrëll 2026

Leif Ëlteren,

Haërzlech Wëllkomm an eiser Crèche Pippi Lotta, eng Crèche dei aanecht ass wéi dei aaner.

An eiser inklusiver an waarmhäerzeger Crèche, am Duerf Folschette,gelëen an der Gemeng Rambrouch, empfänken mir aer Kanner am Alter fun 3 Meint bis 4 Joer an engem sécheren, stimuléierenden an faarwegen Ëmfeld, entoureiert fun der Natur.

Bei eis ass d’Crèche eng Plaz vum Entdecken, vum Leieren an vum Wëssen, wou all Kand a sengem eegenen Rhythmus dierf grouss sinn - an daat an engem sëcheren Kader matt fill Freed an Vertrauen.

An der Crèche Pippi Lotta steet all Kand am Mëttelpunkt. Mir gleewen fest drun, datt all Kand eenzegaarteg, kompetent an voller Potenzial ass, an eng begleedend, respektvoll an feinfühleg Ennerstëtzung bräuch, déi seng Individualiteit respékteiert an sech sëngem Tempo unpasst.

Eist qualifizeiert Personal begleed all Kand matt Haërzlechkeet, Obmierksamkeet an Professionaliteit.

Bei eis geheieren d’Bullisbocks an d’Stiwwelen zum Alldaag dozou. D’Kanner verbrengen fill Zeit dobäussen an sie daerfen sëch knaschteg maachen.

Iwwer eis

„Zesummen begleeden mir d’Kand op sengem spannenden Wëe“.

name of event

sat 10 - feb 2024

Eis Philosophie:

„Zwei mal drei macht vier, widewidewitt und drei macht neune, ich mach mir die Welt, widewide wie sie mir gefällt.“

– Pippi Långstrump

Inspireiert fun der Montessori- a Pikler-Pädagogik baseiert eis Aarbecht op der Individualiteit fum Kand, ob der autonomer Exploratioun, der Beweegung, der Kreativität an un der Freed um Leieren.

Wichtig ass ze wëssen, datt mir fill Wërt drob lëen datt all d’Kanner reigelmeisseg dobäussen an der Natur waerten sinn. Et gett keng besser „Léierplaaz“ fier en Kand wei an der Natur, wou et all seng Sënner kann entdecken an entwëcklen.

Mir als Team probeieren en Ëmfeld ze kréeieren, daat d’Kanner encouragéiert, eegenstänneg ze fuerschen, ze spillen an glaichzaiteg ze léieren, an daat emmer begleet vun eisem opmierksamen Team.

An einer Crèche ass Plaz fir all Kand. Mir leeën grousse Wäert ob Inklusioun, Akzeptanz a Respekt, onofhängeg vun Hierkonft, Sprooch oder individuellen Besoin’en.

All Kand gëtt gesinn, héieren a respektéiert.

Eng vertrauensvoll Zesummenaarbecht matt den Eltern ass fir eis essenziell. Mir leeën groussen Waërt op en oppenen Austausch, Transparenz a Respekt, fir d’Wuel vum Kand gemeinsam ze förderen.

Pippi Lotta

EIS PHILOSOPHIE & PÄDAGOGIK

"Mir wëllen, datt all Kand an sengem eegene Rhythmus kann grouss gin an d’Welt mat Vertrauen entdecken kann":

- Eng individuell pädagogesch Appproche, déi d’Kand an den Mëttelpunkt stellt. - Mir bidden een matt Léiwt ausgeschaaffenen an sécheren Kader un, an deem d’Emotiounen an d’Perséinlechkeet vun Jidderengem geschätzt ging. - Spilleresch a pädagogesch Aktivitäten, für d’Kreativiteit, d’Motorik, d’Autonomie an d’ Vierwitzegkeet fum Kand ze förderen. - Respekt vum natierleche Rhythmus vum Kand, ouni Dock a Vergläicher. - Fill Aktiviteiten an der Natur; Sortien ob en pädagogeschen Baurenhaff.

EIST ËMFELT & D'RAIMLECHKEETEN:

„ Mir wëllen datt all Kand sech sëcher an wuehl fillt an an eiser crèche fuerschen kann“!

An der Crèche hu mer en waarmen an ob d’Kanner ugepassten Raum konzipeiert, matt: - enger heller an sécherer Raumgestaltung. - rouegen Ecken fier ze raschten oder Bicher ze kucken. - engem Goart fier Spiller am Fräien, fir sensoresch Entdeckungen an fier den Kontakt matt der Natur. - pädagogeschem heichwaertegen Material, daat firun allem fun der Montessori-Approche an fun der Natur inspiréiert ass.

EIS EQUIPE:

„Mir verstinn ennert Eltrenaarbecht en Partenariat zweschen Institutioun an eisen Eltrent“:

Eis Equipe setzt sech zesummen aus passionéierten Fachleit, déi am Beräich fun der Pädagogik diploméiert sinn. All eenzelnen fun hinnen: - Këmmert sech matt Empathie an Respekt ëm all Kand, - Begleet d’Kanner matt fill Häerzlechkeet an Wertschätzung an hirer Entwécklung, - Schafft enk matt den Familjen zesummen, fir eng kontinuéierlech pädagogesch Betreiung fum Kand ze garantéieren. - huet en oppent Ouer an d’Zait fier sech den Froen, der positiver Kritik an den Suergen fun den Eltren ze stellen. Eis Equipe hellt reigelmeisseg un Formatiounen deel, fier sech kontinueierlech weider ze bilden an fir d’Secherheet fum Kand ze garanteieren!

Eng Platz fier sech wuehl ze fillen:

Mär bidden :

  • en haerzlechen Empfang all Daag
  • équilibreiert Molzechten
  • eng vertrauensvoll Zesummenaarbecht matt den Eltern
  • mär schaffen matt chèques services (Gratisstonnen ab 12 Meint)
  • Inklusioun, Diversiteit an Sproochen sinn bei eis groussgeschriwwen
  • Reigelmeisseg geplangten Sortien
  • pädagogeschen Baurenhaff, Bungerefer Millen
  • Flexibel Auerzaiten

Mir schaffen mat Kidola zesummen. dat eng Software ass, déi d’Kommunikatioun iwwer den Alldag vum Kand vereinfacht. Als Elteren verpasst Dir keng Momenter méi aus dem Dag vun Äre Kanner.